UESPELTER SCHLASSMAART
Gaart an Heem Uespelt an d’Uespelter Schlassfrënn invitéieren Iech zesummen mat hiren Aussteller an Memberen, op hiren gemeinsamen Handwierkermaart Sonndes, den 18. Mee 2025, am schéine Kader vum renovéierten Site vum Uespelter Schlass.
De Schlassmaart zu Uespelt luet Iech an, ze staunen, ze entdecken an aktiv matzemaachen!
Nieft de ville Stänn an Attraktioune gëtt et och e variéierten Animatiounsprogramm fir déi ganz Famill. D’kleng Gäscht kënnen sech am Facepainting-Atelier an hir Liblingsfigur verzaubere loossen oder am KreatiounsAtelier hirer Fantasie fräie Laf loossen. Vun 15 Auer un suergt d’„Lidderuucht Lëtzebuerg“ mat engem Concert fir eng super Stëmmung, wärend d’Romaine an de Fränz mat hirer Dréiuergel nostalgesch Kläng iwwer de Maart spille loossen.
Freet Iech op onvergiesslech Momenter an eng eenzegaarteg Atmosphär!
AUSSTELLUNG
Gläichzäiteg kennt Dir an der Salle Busleyden um Späicher vum Schlass d’Biller vun de Gewënner vum Molconcours, den d’Uespelter Schlassfrënn am Februar zesumme mat der Fréisenger Schoul organiséiert huet, bewonneren.
GRATIS SCHLASSNAVETTEN
Fir Iech e komfortabelt an entspaant Erliefnis ze bidden, stinn Iech zwou gratis Navette vun 9:45 bis 18:30 Auer zur Verfügung. De Parking beim Schlass ass fir d’Aussteller reservéiert, dofir invitéiere mir Iech vun dësem praktesche Service ze profitéieren.
NAVETTE 1:
Helleng / Kierch
Fréiseng / Kräizung
Fréiseng / Ënnescht Duerf
Uespelt / Schlass
NAVETTE 2:
Uespelt / Garer Platz
Uespelt / Schlass