Schlassnews

Zweemol am Joer kréien eis Memberen eis “Schlassnews”-Zeitung heem geschéckt, wou mir si iwwert aktuell Neiegkeeten um Schlass informéieren an vergaangen Evenementer, interessant Artikelen an Informatiounen iwwert dem Schlass seng Emgéigend an Interviewen presentéieren.

Schlasszeitung

D’Haaptobjektiv vun eiser Schlasszeitung ass et, Iech léif Membere beschtméiglechst informéiert ze halen, wat am Schlass a ronderëm d’Schlass passéiert. Falls Dir en interessanten Artikel oder Informatioune ronderëm oder iwwert d’Schlass hutt, kënnt Dir ons déi gären era schécken.

Mir soen Iech alleguerte Merci fir Är Ënnerstëtzung, well ouni seng Benevolen a Membere kéint onse Veräin net bestoen.

Schlasswäin, -Cremant & -Hunneg

Mir hunn déi grouss Freed Iech eis nei Etiquette op eisem traditionelle Cremant vu Le Vignoble an och eisen neie Bio Pinot Gris vu Caves Krier-Welbes Guy Krier virzestellen.

• Schlasswäin: 14€/Fläsch oder 84€*/Këscht
• Schlasscremant: 15€/Fläsch oder 90€*/Këscht
• Schlasshunneg (vun Uespelt): 7€/500g (bybei.lu).

Bestellung beim Carlo Braun: T. 661 19 59 03
Liwwerung op Nofro méiglech.

(*) Remise mat Memberskaart