Uespelter Schlassfrënn
Wee si mir?
Zanter 2010 schaffen d’Membere vum Kommitee, op fraïwelleger Basis, fir d’Uespelter Schlass, seng Annexen punkto aktuellem an historeschen Kontext, dëst mat der Zoustëmmung vun der Gemeng Fréiseng als Proprietär, ze erhalen an d’Promotioun vum Schlass nobaussen ze maachen.
De Kommitee
SCHONG Jean-Paul, President & Kontaktpersoun mam „INPA“ (*)
BRAUN Carlo, Vizepräsident & ADCL-Vertrieder (**)
WINKEL Claudine, Sekretärin
MERCKX Rose-Marie, Tresorière & ADCL-Vertriederin (**)
ANTOINE Carol, Member
ARIES Melissa, Member, Promotiounsaarbecht & Kontaktpersoun mat der „LDF“ (***)
ANTOINE Carol, Member
COSTA Marco, Member
HOFFMANN Georges, Member
HUTMACHER Samantha, Member
KUMMER Liz, Member & "Schlassnews"-Zeitung
PINHEIRO Luis, Member
SCHNEIDER Jeanne, Member
STOFFEL Emile, Member
WEBER Fränk, Member
(*) INPA: Institut National pour le Patrimoine Architectural
(**) ADCL: Association des châteaux luxembourgeois
(***) LDF: Lëtzebuerger Denkmalschutz Federatioun
Wat maache mir?
Statuten
Op der Sich no neie Memberen
D’Frënn vum Uespelter Schlass si stänneg op der Sich no neie Memberen. Wann Dir Loscht hutt, aktiv matzeschaffen an och am Kommitee matzeschwätzen, da mellt Iech bei ons iwwert info@chateau-aspelt.lu oder bei engem vun eise Memberen.
Fir de Fall wou Dir ons wëllt finanziell ënnerstëtzen, hei ass ons Kontosnummer:
CCPL LULL IBAN LU71 1111 3100 6250 0000
Cotisatiounen pro Joer:
„Membre“ 10,00€
„Membre Protecteur“ 25,00€
„Membre Bienfaiteur“ ab 250,00€
Eis Memberen kréien zweemol am Joer eis “Schlassnews”-Zeitung heem geschéckt, wou mir si iwwert aktuell Neiegkeeten um Schlass a vergaangen Evenementer informéieren.